search

/ De gestrante Buckwal läit nach ëmmer viru Wismar am Waasser

Däitschland

|
reading time

2 min

De gestrante Buckwal läit nach ëmmer viru Wismar am Waasser

De Buckelwal, deen zënter enger Woch ëmmer nees un der Ostseeküst gestrant war, hänkt zënter Sonndeg op en Neits fest. Dës Kéier hänkt en an der Wismarbucht fest. Um Méindegnomëtteg wéilt een nach emeol probéieren, de Wal ze befreien.

reading time

2 min

Virun der Osteeküst ass ee Buckelwal gestrant | © EPA/SEA SHEPHERD GERMANY
Virun der Osteeküst ass ee Buckelwal gestrant (Foto: EPA/SEA SHEPHERD GERMANY)

Zënter uganks Mäerz ass de Wal ëmmer nees un der Ostseeküst opgedaucht. D'Déier hat sech an engem Netz verfaangen. Asazkräft a Mieresschützer vun der ONG Sea Sheperd konnten de Buckelwal vun engem Deel vum Material befreien.

Leschte Méindeg gouf en dann op enger Sandbänk virun Timmendorf bei Lübeck entdeckt. Iwwer puer Deeg hu Leit probéiert ze hëllefen, fir d'Déier ze befreien.

Doropshi gouf eng gréisser Rettungsaktioun gestart. Iwwer ee Gruef, dee vun engem Bagger ausgegruewe gouf, konnt de Wal sech du fräischwammen, nodeems de Waasserpeegel geklomme war. De Wal war op en Neits gestrant, konnt sech dann nees befreien an ass dann op enger anerer Plaz an der Wismarbucht nees hänke bliwwen. Do ass en zënterhier.

Onkloer ob de Wal de Wee an d'Mier fënnt

Den Zoustand vum Wal hätt sech, Experten no, och verschlechtert: En otemt méi lues an op senger Haut wieren Infektiounen. D'Hoffnung besteet, datt wann een de Wal elo géif a Rou loossen, datt en nees zu Kräfte kéint kommen. An engem Ëmkrees vu ronn 500 Meter ronderëm de Wal gouf ee Spärgebitt gezunn. Do wou de Wal den Ament läit, sinn d'Konditiounen änlech, wéi op der Plaz vun där e sech an der Nuecht op e Sonndeg konnt fräischwammen.

Um Méindegmoie war de Waasserstand erofgaangen. Dat mécht et méi schwéier, sech ze befreien. An och wann e fräikënnt, ass onkloer, ob en de Wee zeréck an d'Mier fënnt. 

Um Méindegnomëtteg soll de Waasserpeegel ëm 30 Zentimeeter klammen. Den Ament wéilt een op en Neits probéieren de Wal dozou ze animéieren, wechzeschwammen. Dofir géif ee mat Paddelen op d'Waasser schloen, net awer de Wal selwer, ënnersträichen Experten. E wier immens geschwächt a sollt op kee Fall ugepak ginn.

De Wal géif ronderëm d'Auer bewaacht ginn