arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De fréieren CSV-Politiker an Hofmarschall Lucien Weiler ass dout

Am Alter vu 74 Joer

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

De fréieren CSV-Politiker an Hofmarschall Lucien Weiler ass dout

De Lucien Weiler, Joergang 1951, ass mat 74 Joer gestuerwen. Hie war 24 Joer laang an der nationaler Politik aktiv, éier hie sech 2013 zeréckgezunn hat. Hien hat dunn awer 2016 nach en héije Posten iwwerholl, deen nämlech vum Hofmarschall. De Lucien Weiler blouf 4 Joer um groussherzoglechen Haff.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
De Lucien Weiler 2016 am Studio vum Radio 100,7. | © Radio 100,7-Archiv
De Lucien Weiler 2016 am Studio vum Radio 100,7. (Foto: Radio 100,7-Archiv)

Als Hofmarschall hat hien, zesumme mat aneren, déi deemoleg Regierung vum Xavier Bettel op Problemer um Haff, virun allem an der Personalpolitik opmierksam gemaach. Et koum zur Analyse vun der Situatioun an zum Rapport vum Jeannot Waringo. An der Suite sinn um Haff gréisser Reformen, ënner anerem d'Schafung vun der Maison du Grand-Duc gemaach ginn. 

E laange politesche Wee

Vu Formatioun hier Affekot war de Lucien Weiler 1989 eng éischte Kéier am Norden als Deputéierte gewielt ginn. 1993 gouf hie Chef vun der CSV-Fraktioun. Dem Lucien Weiler seng politesch Schwéierpunkte ware virun allem d’Ekonomie an d’Justiz. 

2004 gouf hien du Chamberpresident bis 2009. Deen huet u sech eng neutral Roll. De Lucien Weiler huet awer och emol seng Positioun kloer gemaach, wéi hien 2008 op eiser Antenn erzielt huet.

"Ech hunn dat och gemaach, am Laf vun deene Joren, zu verschiddenen Themen. Wou ech awer probéiert hunn, mech aus der Parteipolitik erauszehalen. Dat ass awer net ëmmer gutt ukomm, net ëmmer appreciéiert ginn, well awer erëm gemengt ginn ass, et kéint ee seng Fonctioun gebrauchen, fir sengen eegene Kolleegen zouzespillen."

De Lucien Weiler war gebierteg vun Dikrech an an de Joren 1988 bis 1993 och Schäffe vun där Gemeng. Ee vu sengen zwee Jongen, de Charel Weiler ass aktuellen Dikrecher CSV-Député-Maire.  

 

play_arrow Lauschteren