arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De fréiere brasilianesche President Jair Bolsonaro muss an den Hausarrest

Iewescht Geriicht

|
headphones

1 min

De fréiere brasilianesche President Jair Bolsonaro muss an den Hausarrest

Dat iewescht brasilianescht Geriicht huet déi Decisioun geholl, well de Bolsonaro op de soziale Reseaue kommunizéiert huet, obwuel hien dat verbuede kritt hat.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Ton Molina
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Ton Molina)

D'USA hunn den Hausarrest vum Jair Bolsonaro veruerteelt. Den Donald Trump schwätz vun enger "Hexejuegt".

Hannergrond sinn ass de Virworf vu versichtem Coup d‘Etat géint de fréiere brasilianesche President. Hie soll dofir de Prozess gemaach kréien a riskéiert méi wéi 40 Joer Prisong.

De Bolsonaro hat dem Lula seng Walvictoire 2022 net unerkannt. Hie kritt virgehäit, seng Supporteren encouragéiert ze hunn, de Presidente-Palais a Regierungsgebaier ze stiermen.