Den Thibaut Courtois, dee bei Real Madrid spillt, hat virun zwee Joer der belscher Nationalekipp de Réck gedréint. Hien hat sech mam deemolegen Trainer Tedesco an d'Hoer kritt.
An Tëschenzäit huet d'Belsch en neien Trainer, de Rudi Garcia, an dee wëll elo de Courtois rëm zréckhuelen. Wat dem aktuelle Golkipp deemno net gefält, wéi hien an engem Podcast erzielt.