arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Xavier Bettel kritiséiert Rubio-Absence um NATO-Meeting

BREISSEL: NATO-AUSSEMINISTEREN

|
headphones

4 min

De Xavier Bettel kritiséiert Rubio-Absence um NATO-Meeting

Et wier schwéier an der NATO zesummenzeschaffen, wann d’USA net present wieren, kommentéiert de Lëtzebuerger Ausseminister déi kuerzfristeg Ofso vum US-Ausseminister Marco Rubio bei der Reunioun zu Bréissel dobäi ze sinn.

headphones

4 min

MAE | © MAE
Xavier Bettel um NATO-Ausseministertreffen (Foto: MAE)

D’NATO wier eng Allianz, an der een zesummeschaffe soll, esou de Lëtzebuerger Ausseminister. De Xavier Bettel huet kritiséiert, datt säin US-amerikaneschen Homolog, de Marco Rubio, net op der Sëtzung vun den NATO-Ausseministeren zu Bréissel mat dobäi ass.

Virun der Reunioun hat den NATO-Generalsekretär Mark Rutte Versteesdemech fir déi Absence opbruecht. D’USA géingen haart schaffen, fir ee Fridden an der Ukrain ze erreechen, esou den Hollänner. Hien huet sech weider optimistesch ginn, datt dee Prozess Succès huet.

Op d’Fro, ob d’USA nach ëmmer ee vertrauenswierdege Partner sinn, sot iwwerdeems de Xavier Bettel:

"Ech gesi just, datt mer hei eng NATO-Reunioun hunn, wou Alliéiert zesummekommen. An ech gesinn, datt haut de Stull vum amerikaneschen Ausseminister net besat ass." 

Hie géing den Optimismus vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte gesinn an och appreciéieren, esou den DP-Minister.

Säin eegenen Optimismus awer géing sech a Grenzen halen, esou de Lëtzebuerger Ausseminister zu Bréissel kuerz virun der Reunioun am 100,7-Interview. An der NATO awer sollt een zesummeschaffen. Dat wier schwéier, wann d’USA net present wieren. 

"Ech gesinn hei, datt et eng NATO gëtt, wou mer mat den Amerikaner sollen zesummeschaffen, wou d'Amerikaner haut net hei sinn op deem héchsten Niveau an eng EU, wou mer zu 27 sinn, déi iwwerhaapt net um Dësch sëtzt." 

Doriwwer wielt hien op der Reunioun mat deenen aneren Alliéiert an och mat de 27 EU-Ausseministere schwätzen.

Lëtzebuerg seet weider Contributiounen an Héischt vu 15 Milliounen Euro zu “Purl” zou

Op der Reunioun huet de Mark Rutte ee weideren Appell un déi Alliéiert gemaach, méi Suen an d’Defense ze stéichen an hir Hëllef fir d’Ukrain eropzesetzen.

D’Lëtzebuerger Arméisministesch Yuriko Backes hat e Méindeg annoncéiert, datt de Grand Duché seng Contributioun fir d’NATO-Initiativ “Purl” ëm 15 Milliounen erhéije géif. Déi Initiativ huet d’Zil, der Ukrain Waffen aus den USA iwwer d’NATO-Memberlänner zoukommen ze loossen.

Lëtzebuerg hat eréischt am Oktober annoncéiert, sech mat 15 Milliounen Euro un der Initiativ ze bedeelegen.

Et hätt ee sech un de Nopeschlänner orientéiert, esou de Xavier Bettel op d’Fro, firwat elo esou kuerz no der éischter Annonce decidéiert gouf, eng zweet Tranche ze iwwerweisen.

Nodeems Lëtzebuerg Engagementer um NATO-Sommet geholl hätt, kéim een net dolaanscht, d’Ukrain-Hëllef eropzesetzen.

Et wier sënnvoll, der Ukrain ënner der Initiative “Purl” Waffen aus den USA zoukommen ze loossen, well d’USA ee Virsprong hunn, an een der Ukrain “net dee leschte Schrott vun engem Späicher” kafe wëllt, mee “eppes wat si gebrauche kënnen”. 

Russescht Staatsverméigen: EU-Solidaritéit ass gefrot

Wat dat immobiliséiert russescht Staatsverméigen ugeet, huet de Xavier Bettel Versteesdemech fir d’Belsch gewisen, déi bis elo net d’accord ass mat der Iddi, der Ukrain déi Suen, déi an der Belsch leien, als Prêt zur Verfügung ze stellen.

De Lëtzebuerger Ausseminister huet un d’Affär zu Lëtzebuerg erënnert, wou ee russeschen Oligarch eng Plainte géint d’Afréiere vu sengem Verméige gemaach huet. Och hei kéint Lëtzebuerg sech net onbedéngt op d’Solidaritéit vun den aneren EU-Memberlänner verloossen.

"Do geet et em 14 Milliarde sinn, déi gefrot ginn, wat net näischt ass. Wann op eng Kéier mir do condamnéiert ginn, sinn ech iwwerzeegt, dass déi aner 26 op eng Kéier abonnés absent sinn an net abonnés présent, fir ze soen, wéi kënne mer Iech hëllefen. An dowéinst ass et wichteg, dass ee juristesch op d'mannst op d'Nummer sécher geet."

D’Europäesch Kommissioun huet wëlles nach haut um Mëttwoch Proposen op den Dësch ze leeën, wéi d’EU kann der Ukrain eng finanziell Ënnerstëtzung zoukomme loossen. 

Dozou gehéiert och den Asaz vum russesche Staatsverméigen, wat an der Belsch bei der Firma “Euroclear” immobiliséiert ass. Fir déi Suen ze benotzen, bräicht een elo juristesch Sécherheeten, esou de Xavier Bettel.