Zil vun der Visitt ass eng Verdéiwung vun de Relatioune mat de wichtegsten amerikaneschen industriellen Investisseuren zu Lëtzebuerg, esou e Communiqué vum Ausseministère. D‘USA sinn de wichtegste kommerzielle Partner vu Lëtzebuerg baussent Europa.
Zu Wilmington trëfft déi Lëtzebuerger Delegatioun Vertrieder vun der Entreprise Dupont, déi zanter 1962 zu Lëtzebuerg aktiv ass.
Zu New York steet och eng Konferenz iwwer d‘Weltraumekonomie um Programm, déi vun der Lëtzebuerger Weltraumagence organiséiert gouf.