arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Weekend an Ufank nächster Woch: Temperaturen ëm déi 30 Grad

Meteo

|
reading time

1 min

De Weekend an Ufank nächster Woch: Temperaturen ëm déi 30 Grad

Iwwer de Weekend an och fir den Ufank vun nächster Woch ginn héich Temperature gemellt. Et soll ee virun allem op vulnerabel Mënschen oppassen. Mee och d’Déiere kënnen ënner de Wiederkonditioune leiden.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D‘Veterinärsverwaltung mécht en Appell un d‘Proprietäre vun Déieren, si solle besonnesch suergfälteg sinn, an zum Beispill hiren Déiere genuch Waasser zur Verfügung stellen. An et ass den Appell, d’Déieren net am Auto ze loossen. Do kënnen d’Temperature ganz séier klammen, wat séier zum Doud vun engem Déier ka féieren.

Et soll een si och net ze staarke physeschen Efforten aussetzen.