Virun allem sinn d’FDP-Ministeren ersat ginn, awer net all. De Verkéiersminister Volker Wissing ass nämlech aus der Partei ausgetrueden, behält säi Ressort a kritt d’Justiz vu sengem elo Ex-Parteikolleg Marco Buschmann dobäi. An d’Plaz vun der Educatiounsministesch Bettina Stark-Watzinger kënnt den Cem Özdemir vun deene Gréngen, deen d’Landwirtschaft behält, an neie Finanzminister, amplaz vum Christian Lindner, ass den SPD-Mann Jörg Kukies ginn, bis elo Statssekretär am Kanzleramt.
3 FDP-Ministere vum Bundespresident entlooss
Am fréien Nomëtteg huet de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier den 3 Ex-Ministere vun de Liberale souzesoen hire bloe Bréif iwwerreecht. Engersäits appropriéiert op Krisen ze reagéieren an anerersäits d’Scholdebrems anzehalen, hätt um Enn zu Differenze gefouert, déi net méi z’iwwerbrécke waren, sot de fréiere SPD-Ausseminister Steinmeier. Dee fir déi 3 liberal Ministere luewend Wierder parat hat, soudatt de Christian Lindner souguer e bësse laache konnt.
D'CDU fuerdert d'Vertrauensfro viru Januar
De Bundeskanzler Olaf Scholz hat an der Mëttesstonn ewell eng Entrevue mam Fraktiounschef vun der Union, dem CDU-Politiker Friedrich Merz. Dem Olaf Scholz seng elo Minoritéitsregierung ass jo - vu datt si bis Chrëschtdag nach Gesetzer duerch de Bundestag kréie wëll - op d’Zoustëmmung vun anere Parteien ugewisen. An där Renconter vun enger knapper hallwer Stonn hätt de Friedrich Merz awer op eng séier Vertrauensfro vum Kanzler gedrängt, deen déi eréischt am Januar stelle wëllt. D‘Reunioun koum deemno ouni Resultat op en Enn. Do virdrun hat och de grénge Wirtschaftsminister Robert Habeck gesot, hie géif eng eventuell Zesummenaarbecht mat CDU/CSU begréissen.
Verbale Krich tëscht Scholz a Lindner eskaléiert weider
De Kanzler huet säin Ex-Minister haut um Donneschdeg “klengkaréiert” genannt an de Lindner säin Ex-Chef “net ambitionéiert”. An der Tëschenzäit gouf och bekannt, mat wéi enge Wierder den Olaf Scholz de Christian Lindner de Mëttwoch den Owend virun d’Dier gesat huet: “Ech wëll net méi, datt s du Deel vu menger Regierung bass, a wäert dem Bundespresident muer matdeelen, datt s du entlooss gëss”. Mat deem Saz war d’Dräierkoalitioun Geschicht.