D‘Büroe vum Statec um Kierchbierg waren ze kleng ginn. Elo gouf een neit Gebai fir d‘Statistikverwaltung gebaut, sou datt déi Responsabel konnte mat definéieren, wéi si d’Raimlechkeete wéilte gestalten.
Accent op dat hybrid Schaffen
Fir dat festzeleeë goufen d’Mataarbechter consultéiert, an et goufe Brainstorming-Sessiounen organiséiert, erkläert de Pierre.Jean Oger, Responsabel fir d’Personalgestioun an dem Budget.
"Mir hu scho Visitte vu méi moderne Gebai gemaach, zum Beispill bei der Post. Mir hunn och Ëmfroe bei eisem Personal gemaach. Mir hunn och intern e Brainstorming gehat, an d'Iddi ass effektiv, datt an dësem Gebai soll Zesummenzschaffe vill méi einfach méiglech sinn, well am fréiere Gebai waren dat ganz getrennt Espacen."
Am neie Gebai hätt een d'Konzept vum Ilôt-travail entwéckelt. Dat wier kee richtegen Open Space, mee Ilôt-travail.Räim, wou d'Leit zu véier sinn, erkläert de Pierre-Jean Oger.
"Mir hunn och ganz vill Espacë virgesinn, entweder fir e bësse méi formell Reuniounen, also Reuniounssäll. Zum Schluss hu mir och eng ganz Rei Espacen, déi fir spontan Treffen do sinn, déi och wierklech Treff heeschen."
D’Aarbechtsraim goufen esou equipéiert, datt een och hybrid Reunioune kann ofhalen, erkläert de Luc Roettgers, Member vum Direktiounscomité a zoustänneg fir d’Informatikssystemer.
"Vu datt d'Agenten um Statec och Teletravail maache kënnen, hu mir deem och am neie Gebai Rechnung gedroen, andeems mir gekuckt hunn, datt mir eng ganz Rëtsch modern Reuniounssäll hunn, déi et eben erlaben, sou Hybridreuniounen ze maachen, well et relativ seele méiglech ass, datt alleguerten d’Agente mateneen do sinn, an et erméiglecht eng wierklech gutt Work-Life-Balance."
Vill Erausfuerderunge beim Plënneren
D’Chiffere sinn impressionant: Am neie Gebai goufen 100 Kilometer u Stroumleitungen a 60 Kilometer u Réseaukabelen verluecht. Am Gebai ginn et 1.500 Luuchten, wann een Alles zesummenzielt, an 200 Badge-Lieser.
De Statec huet nämlech Zougang zu ganz sensibelen Daten, déi jee no Member vum Personal mussen zousätzlech ofgeséchert ginn, betount de Pierre-Jean Oger.
"Dat heescht mir geréieren dee ganze System vum Accès zum Gebai an ofhängeg vum Profil vum Notzer, do si verschidden Zougäng méiglech oder net méiglech. Wann ee Visiteur zum Beispill kënnt, deen huet een Zougang zum Rez-de-Chaussée, an zum hallwen éischte Stack, wou Reunioune sinn."
An do huet d’Plënnerfirma eng Missioun mat villen Erausfuerderung, esou de Stéphane Berchem.
"Déi gréisster Erausfuerderung mengen ech ass dat neit Gebai hei, wou awer vill ze protegéieren ass. Et ass op villes opzepassen. Dee Granitcomptoir hei vir, wou awer an engem Stéck ass, dass do nëmmen näischt dru kënnt, an dann eeben och déi bal 2,5 Kilometer Bibliothéik, déi ze plënnere sinn."
Alles muss op eenzelne Chariote gepak ginn an an der richteger Reiefolleg nees ausgepak ginn, erkläert de Stéphane Berchem.
Eng Bibliothéik fir de Public
A grad d’Bibliothéik soll an Zukunft méi visibel ginn, an och zougänglech gi fir de Grand-Public, preziséiert de Pierre-Jean Oger.
"D’Bibliothéik vum Statec ass eng spezialiséiert Bibliothéik am Beräich Ekonomie a Statistik. D’Iddi vum Gebai ass et, d’Bibliothéik op de Rez-de-Chaussée ze setzen an eng ganz schéin Infrastruktur mat enger ganz agreabeler Mezzanine. D’Iddi ass, datt mir d’Bibliothéik fir de Public opmaachen, an datt dat net nëmme méi op Rendez-vous soll geschéien. Mir wëllen och do eng Complementaritéit mat der Bibliothéik vun der Uni."
Chercheuren, Studenten an Interesséierter kënnen och aner Dokumenter beim Statec consultéieren, déi net onbedéngt nach digitaliséiert goufen.
Bis awer dee leschte Schlëff vun der Plënneraktioun beim Statec ganz ofgeschloss ass, wäert et awer sécher nach e bëssen daueren.