arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Staatsrot huet méi Aarbecht - Kritik u schlechte juristeschen Texter

Neijoerschreceptioun 2026

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Staatsrot huet méi Aarbecht - Kritik u schlechte juristeschen Texter

De Staatsrot hätt den Ament däitlech méi lafend Dossieren ze traitéiere wéi nach virun engem Joer. De President vum Staatsrot Marc Thewes sot op der Neijoerschreceptioun, et wieren am leschte Joer 100 Texter méi erakomm.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

De Staatsrot hätt also den Aarbechtsrhythmus mussen erhéije fir der Demande nozekommen.

An och fir dëst Joer wäert een den Aarbechtsrhythmus weider musse verbesseren, mengt de President Marc Thewes, dee generell awer zefridden ass mat der Aarbecht, déi am Staatsrot geleescht gëtt. 

Bal d’Hallschent vun den Avisen hätt een am leschte Joer bannent zwee Méint ofginn, esou de President:

“Dat sinn Zuelen, déi si ganz encourageant fir eis Aarbecht. Dir wäert awer verstoen, datt ech meng Opmierksamkeet eigentlech vill méi op déi ongeféier 80 riichten, déi méi laang brauchen, déi net bannent sechs Méint konnten adoptéiert ginn.”

De Problem vun der Qualitéit vun den Texter

D’Schold dofir, datt verschidden Avise méi laang bräichten, gesäit de Marc Thewes awer net ëmmer beim Staatsrot. Heiansdo géif et zwar zu internen Organisatiounsproblemer kommen. Mee dacks géing de Retard aus der Komplexitéit vun den Dossiere resultéieren, esou de President vum Staatsrot: 

“Zum Beispill betrëfft dat Texter, déi versichen Iddie matenaner ze conciliéieren, déi eigentlech ënnerenaner net conciliabel sinn. Ech ginn Iech e ganz konkreet Beispill: Texter, déi versichen den Dateschutz ze conciliéiere mat dem Objektiv vun der Économie des données oder vun der Intelligence artificielle. Dat geet ënnerenaner net einfach op.”

Et hätt een och nach ëmmer mat Texter ze dinn, déi net gutt virbereet wieren, esou de President vum Staatsrot Marc Thewes. Dacks géif ee probéiere mam Auteur vum Text no Léisungen ze sichen. Mee heiansdo misst de Staatsrot selwer Hannergrondinformatiounen an Dokumenter siche goen, wouduerch vill Zäit géing verluer goen.

play_arrow Lauschteren