arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et ginn nei Detailer iwwer de Subsid fir Batterien

Energie

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Et ginn nei Detailer iwwer de Subsid fir Batterien

Dem neie Règlement grand-ducal no ass de Subsid esou gestaffelt, datt kleng a mëttelgrouss Batterië proportional méi staark subventionéiert gi wéi méi grouss Batterien.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock / Visual Productions
(Foto: Bigstock / Visual Productions)

De Subsid ass vun enger gewësser Capacitéit un op 2.250 Euro plafonéiert. Am Kloertext: Ob d'Batterie néng oder méi Kilowattstonne Stroum späichere kann, ännert näischt um Subsid. Bei de manner grousse Capacitéite gëtt et eng Degressioun: Dat heescht, datt een zum Beispill fir eng Batterie vu 4 Kilowattstonnen net einfach dat Duebelt kritt wéi fir eng vun zwou Kilowattstonnen, mee manner.

Op där enger Säit hätt ee fix Käschten, wéi zum Beispill d'Installatiounskäschten. Den Handwierker muss ëmmer kommen an eng Installatioun maachen, onofhängeg dovu wéi grouss d'Batterie ass, seet den Energiekommissär Simeon Hagspiel.

"Op der anerer Säit dann, wéi gesot, den Incitatif fir eng Anlag och net iwwerzedimensionéieren."

De Staat prefinanzéiert

Weider Erklärunge vum Simeon Hagspiel an eisem Moiesstudio

play_arrow Lauschteren

Deen neie Subsid ass iwweregens spezifesch fir Batterien. En ass also net méi un déi gläichzäiteg Uschafung vun enger Photovoltaikanlag gebonnen. Och dat ass nei. An et soll e Prefinanzementssystem ageriicht ginn. Dat heescht, datt d'Leit d'Suen net méi virstrecke mussen, mee just déi Zomm ze bezuele kréien, déi net vum Subsid gedeckt gëtt. De Rescht wéckelt de Betrib dann direkt mam Staat of. Dofir kann e sech an e Register aschreiwe loossen, wann e gewëss Krittären erfëllt.

Weider Qualitéitskontrolle wieren net virgesinn, seet den Energiekommissär Simeon Hagspiel.

"Um Enn vum Dag ass et ëmmer eng Responsabilitéit vum Betrib fir propper ze schaffen, an dat ass net eppes, wat mir ännere wëllen."

Fir datt de Subsid kann ugefrot ginn, muss elo just nach d'Gesetz gestëmmt ginn, dat op deen neie Reglement grand-ducal verweist, deen elo virläit. Mee dat kéint nach virun Enn des Joer geschéien.

play_arrow Lauschteren