search

/ De Schutz vu Journalisten zu Lëtzebuerg ass nach ausbaufäeg, seet den ALJP-President

Medien

|
reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow

De Schutz vu Journalisten zu Lëtzebuerg ass nach ausbaufäeg, seet den ALJP-President

100 Joer ALJP: Dat ass ee Joerhonnert, an deem d'Journalisten hei am Land zesummegehalen hunn, wann och mat bal knapp 50 Joer Ënnerbriechung. Wat et domat op sech hat, a wat d'Aufgabe vun der ALJP am 21. Joerhonnert sinn, huet hire President am 100,7-Interview verzielt.

reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow
De Sidney Wiltgen | © Jo Diseviscourt
De Sidney Wiltgen (Foto: Jo Diseviscourt)

Dëse Weekend feiert d’ALJP - de Beruffsverband vun de professionelle Journalisten - säin 100. Gebuertsdag. Deemools hunn déi Lëtzebuerger Journalisten ugefaangen, genee wéi hir Kolleegen a Kolleeginnen am Ausland, sech ze organiséieren. E geneeën Ophänkert ass et deemools awer net ginn, preziséiert de Sidney Wiltgen am 100,7-Interview. Hien ass den aktuelle President vun der ALJP.

Ee Verband, dunn dräi, dunn nees een

Et wier komplizéiert, déi genee Geschicht vun der Associatioun ze retracéieren, gëtt de Sidney Wiltgen zou. Dat, well ee keng grouss Archiven hätt. Ganzer “zwee Wäschkierf” mat Dokumenter. Dat wier alles, esou de Journalist.

Sécher wier awer, datt virun 100 Joer eng Zäit war, wärend där sech vill Beruffsverbänn zesummegedoen hunn.

“Woubäi bei der ALJP dat gesellschaftlecht Zesummekomme méi am Vierdergrond stoung, hunn ech mir soe gelooss.”

An den 100 Joer war awer net ëmmer alles roseg innerhalb vun der Associatioun. An den 1970er koum et zu Onstëmmegkeeten a Mësstrauen, esou datt den Editeur Saint Paul en eegene Verband gegrënnt huet. Kuerz drop koum nach en drëtte Verband dobäi. Eréischt 2017 koume se nees all zesummen.

10.000 Euro fir Journaliste viru Geriicht ze ënnerstëtzen

D’ALJP setzt sech fir d’Rechter vun de Journalisten, Fotografen an anere Medien-Mataarbechter:innen an. D’Associatioun ënnerstëtzt si och viru Geriicht. Dobäi komme vill aarbechtsrechtlech a medierechtlech Froen, déi si klären, seet de Sidney Wiltgen.

“Froen zu Droit-d’auteuren, Streidegkeete mat Verwaltungen, am Kader vun der Circulaire Bettel, spéider och am Kader zum Informatiounszougang, bis hin zu konkreete finanziellen Ënnerstëtzungen.”

D’lescht Joer hätt een insgesamt 10.000 Euro ausgi fir Journaliste viru Geriicht ze ënnerstëtzen. Et waren dëst zwee Diffamatiouns-Fäll.

Schutz vu Journalisten nach ausbaufäeg

Datt geriichtlech géint Journaliste virgaange gëtt, well si onbequeem Froe stellen, ass och zu Lëtzebuerg keng Raritéit méi. E Beispill sinn déi rezent SLAPP-Kloen. Eng Journalistin vu Reporter.lu krut awer Recht an Entschiedegungen zougesprach.

Dat géing awer net heeschen, datt d’Journalisten hei am Land gutt genuch geschützt wieren, warnt de Sidney Wiltgen.

“Mir hoffen, datt d’Urteel eng Signalwierkung huet. (...) Mee et gëtt eng europäesch Direktiv fir Journalisten nach besser ze schützen.”

D’ALJP fuerdert och d’Depenalisatioun vun der Diffamatioun, an datt d'EU-Direktiv op den Droit pénal ugewant gëtt.

Zougang zu Informatiounen: Neien Text "net dat Gielt vum Ee"

En anere grousse Volet vun der Aarbecht vun der ALJP ass den Informatiounszougang. En neien Text, dee schonn zënter Joren an der Maach ass, soll elo geschwënn an der Chamber gestëmmt ginn.

“Grondsätzlech ass den Text gutt, dee virläit. En hieft d’Recht vum Journalist, fir un Infoen ze kommen, op en aneren, rechtlechen Niveau.”

Bis elo gouf et de Circulaire Bettel, wou Verwaltunge per Rondschreiwen ugehale waren, de Journalisten an engem gewëssen Delai ze äntweren. Doru géing sech awer net ëmmer gehale ginn, esou den ALJP-President. Hien hofft, datt sech dat mam neien Text ännert, och wann deen net "dat Gielt vum Ee" wier.

Ass de Beruff nach attraktiv?

Datt een als Journalist net ëmmer klasseschen Aarbechtszäiten nogeet, ass gewosst. Virun e puer Joerzéngten ass och nach net esou genee gekuckt ginn, ob elo eng Iwwerstonn méi oder manner dobäi erausgesprongen ass. Dat ass haut aneschters. De jonke Leit ass d’Work-life-balance wichteg.

Och wann de Sidney Wiltgen net fir all d’Medienhaiser schwätze kann, esou ass hien awer der Meenung, datt een als Journalist eng gewësse Flexibilitéit opweise muss kënnen. Esoulaang de Patron dës Flexibilitéit och zeréckgëtt, kann et en "extreem flotte Beruff" sinn, betount den Tageblatt-Journalist.

Mat der Indemnisatioun vu Journalisten hätt d’ALJP allerdéngs näischt ze dinn.

KI: Eng Hëllef, mee och eng Gefor?

Wat d’Zukunft vum Beruff ugeet, mécht - wéi a villen anere Secteuren och - déi Kënschtlech Intelligenz ville Leit suergen. D’KI ka mëttlerweil Texter schreiwen, Biller a Fotoen erstellen, an esouguer ganz Radiossendunge moderéieren. Och de Sidney Wiltgen ass sech dees bewosst.

“KI ass eng vun deenen, wann net déi, grouss Erausfuerderung vun der Zukunft. Den Asaz vu KI ka sënnvoll sinn. Dagdeeglech gëtt et gemaach mat Iwwersetzungstools, dat ass alles kee Problem. Fakt ass, et muss ëmmer e Mënsch d’Hand driwwer halen.”

Et géing net goen, e Pressecommuniqué duerch eng KI ze geheien, an et dann als journalistesche Beitrag ze publizéieren, seet de Sidney Wiltgen. Dat selwecht gëllt fir Biller. Seng Hoffnung ass, datt ee sech weiderhin un d’Deontologie hält. Mee wéinst deene rasanten Entwécklunge wéilt hie léiwer keng Prognos fir d’Zukunft maachen. Mee:

“Eng KI kann net op eng Plaz goen an dat erëm ginn, wat ee gesäit.”

Deemno bleift de Sidney Wiltgen optimistesch, wat d’Zukunft vu sengem Beruffsstand ugeet.

play_arrow Lauschteren