arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Projet vun engem standardiséierte Bautereglement schleeft

National Politik

|
headphones

1 min

De Projet vun engem standardiséierte Bautereglement schleeft

De Projet vun engem nationale Standard-Bautereglement, wéi et de Premier Luc Frieden a senger Erklärung zur Lag vun der Natioun an Aussiicht gestallt huet, kënnt net esou séier viru wéi erwaart.

headphones

1 min

© COSPV/Adobe Stock
(Foto: COSPV/Adobe Stock)

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an Dan Biancalana, mengt den Inneminister Léon Gloden, datt ee kee prezisen Datum kéint nennen.

De Luc Frieden hat sengersäits gesot, datt dat Reglement bis Enn dës Joers kéint virleien. 27 Aarbechtssëtzunge wieren dozou scho mam Syvicol ofgehale ginn. Theeme wéi Brandschutz an erneierbar Energie gehéieren zu den Diskussiounspunkten.

Beim neie Reglement geet et ëm d‘Securitéit, d‘Durabilitéit an d‘Commoditéit vun de Konstruktiounen, heescht et weider. Aner Oplage wéi Bauhéichten gi weider wéi bis elo vum PAP virgeschriwwen.