Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Projet fir e Sportsmusée an eng Sportarena zu Esch läit op Äis

De Sportsminister confirméiert

De Projet fir e Sportsmusée an eng Sportarena zu Esch läit op Äis

D’Sportarena an de Sportmusée, déi zu Esch-Lankelz geplangt waren, kommen net dohin. Dat geet aus der Äntwert vum Sportminister Georges Mischo op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéiert Liz Braz ervir. Schold dorun ass de Fait, datt déi Zon, op déi Arena a Musée sollte stoe kommen, net däerf bebaut ginn.

auto_stories

1 min

Dee Problem ass, op Nofro hi beim Minister, dee fir en Interview net disponibel war, 2022 opgetaucht, wéi d’Firma Tracol bei Ponts&Chaussées d’permission de voirie ugefrot hat. D’Konventioun tëscht der Escher Gemeng an Tracol fir d’Valorisatioun vum Projet Lankelz geet iwwerdeems schonn op 2017 zréck. 2021 hat de Staat du mat der Gemeng Esch eng Konventioun ënnerschriwwen, fir de Sportmusée schlësselfäerdeg a fir e Festpräis nom Bau ofzekafen.

Nach keng Alternativ fonnt

De Georges Mischo schreift donieft a senger Äntwert un d’Liz Braz, datt d’Sportarena och dovun impaktéiert ass an net kann “wéi ursprénglech geplangt realiséiert ginn”, dat, well déi entspriechend “Zone non aedificandi” muss respektéiert ginn. Dem Sportminister no géif elo no engem anere Site zu Esch gesicht ginn, fir dem Wëlle vun de Parteien aus der Konventioun vun 2021 gerecht ze ginn. De Moment stéing awer nach keng alternativ Plaz heifir fest.

Zukunft vum geplangte Quartier ongewëss

Sportarena a Sportmusée sollten um Site vun engem fréiere Garage bis bei de Contrôle technique entstoen, awer net eleng: Et war e ganze Quartier do virgesinn, mat ënner anerem nach Wunnengen, Büroen a Butteker, op 68.000m2.