arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Lëtzebuerger Acteur an Auteur Pol Greisch ass gestuerwen

Am Alter vu 95 Joer

|
headphones

3 min

headphones

61 min

play_arrow

De Lëtzebuerger Acteur an Auteur Pol Greisch ass gestuerwen

De Pol Greisch, deen um Sonndeg gestuerwen ass, war een Theatermann duerch a duerch. 70 Joer laang huet hien déi Lëtzebuerger Theaterzeen gepräägt. Dat als Acteur an als Auteur vu ville Stécker. Ee Wierk, fir dat hien ënner anerem zweemol den Nationale Literaturconcours gewonnen huet.

headphones

3 min

headphones

61 min

play_arrow

Batter, melancholesch - dat war duerch d’Bank den Toun am Pol Greisch sengen Theaterstécker. Si waren och vu skurrillen Dialoge gepräägt hanner deene sech dacks d’Verzweiwlung vun de Protagoniste verstoppt huet. Seng Stecker goufe gäre mat Wierker vu Samuel Beckett oder Eugène Ionesco verglach.

Kee virgezeechente Wee 

Woubäi dee Wee wuel net virgezeechent war, wann een - wéi de Greische Pol - 1930 gebuer gouf. Hien ass nom Lycée an dem Cours supérieur bei de Staat schaffe gaangen, huet awer gläichzäiteg Theatercoursë bei der Theaterlegend Eugène Heinen geholl a gouf Member vu der fréierer Theatertrupp “Les compagnons de la scène”. Hei huet hien och seng spéider Fra, d’Actrice Juliette François, kennegeléiert, mat där hie bis zu hirem Doud 2007 op den Theaterbrieder stoung.

1973 huet de Pol Greisch dem Eugène Heinen de Réck gedréit. Hien huet ënner anerem mam verstuerwene Marc Olinger den TOL - den Théâtre Ouvert du Luxembourg - gegrënnt. Een Ensembel, deen den Theater wollt professionaliséieren an diversifiéieren.  

Eng gutt Fieder

Zënter de 60er Joren huet de Pol Greisch schonn Theaterstécker geschriwwen. 1966 war et “Äddi Charel” - e Stéck iwwer d’Büroswelt, déi vu Jalousie a Verbatterung gepräägt ass. ”Äddi Charel “ gouf mat zwee weidere Stécker “Besuch” an ”E Stéck Streisel” zu enger Theatertrilogie, fir déi de Pol Greisch 1993 de Servais Präis krut. D’Figure sinn Antihelden, mat Dreem, déi si net realiséiere kënnen, si echouéieren u mënschlecher Wäermt an tëschemënschleche Relatiounen.

A  spéideren Theaterstécker wéi "Fënsterdall" vun 2008 huet de Pol Greisch den Alter thematiséiert, den Doud an den ongebrachene Wonsch no Zweesamkeet. 2003 huet de Pol Greisch mam Stéck “Kiischtebléien” en Hommage un den Anton Tschechow gemaach. 

Nieft Theaterstécker huet de Pol Greisch Gedichter a Prosa geschriwwen. 2004 war et de Roman “Mäi Frënd Benn”. Et goufen och Sammlunge vu Kuerzgeschichte wéi “D’Sonnesäit”- “Tëscht Kaz a Kueder” oder “De Monni aus Amerika" vun 2012. Heimat krut de Pol Greisch 2013 eng zweete Kéier de Servais Präis. 2002 scho war hien och nach mam Batty Weber Präis fir säi Gesamtwierk ausgezeechent ginn. 

Virun der Kamera

Wéi an den 80er Joren déi éischt Lëtzebuerger Filmer gedréit goufen, war den Who is who vun der deemoleger Lëtzebuerger Theaterzeen derbäi  – esou natierlech och de Pol Greisch. Ugefaange mat der Fernseeproduktioun “Déi zwéi vum Bierg” vun 1985, "Mumm Sweet Mumm" vun 1989, "Schacko Klak" vun 1990 oder "E Liewe laang" vun 1992. Méi rezent - 2017 - war de Pol Greisch och am Andy Bausch senge "Rusty Boys" ze gesinn. E leschte Film - 2020 - war de Kuerzfilm “Lupus” vum Laurent Prim - iwwer e verbatterte pensionéierte Bauer, deen op emol Wittmann ass an eleng muss eens ginn.

A sengem Buch iwwer 200 Joer Lëtzebuerger Theater schreift den André Link, de Pol Greisch hätt a senge Rolle ganz intelligent agéiert an ni probéiert, géint säin eegenen Ech unzespillen. Fir säin 90. Gebuertsdag hat d'Wort geschriwwen, de Pol Greisch wier e Monument an eng Referenz, déi de Lëtzebuerger Theater gepräägt huet, wéi keen aneren.

Den 10. Juni 2000 war de Pol Greisch Invité an eiser Emissioun Zäitzeien. Lauschtert hei eran

play_arrow Lauschteren