Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tom Misch & Poppy Ajudha - Disco Yes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Pensiounsalter a Portugal klëmmt - a bréngt Probleemer mat sech

Gesellschaft

De Pensiounsalter a Portugal klëmmt - a bréngt Probleemer mat sech

Vum nächste Joer u soll de Pensiounsalter a Portugal op 66 Joer a 7 Méint klammen. Am Portugal ass de Pensiounsalter un déi duerchschnëttlech Liewenserwaardung gekoppelt, déi nom Alter vu 65 Joer berechent gëtt.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / dolgachov

Déi läit aktuell bei 84,75 Joer. No engem Réckgang vun der Lierwesewaardung duerch d‘Covid-Pandemie klëmmt déi elo rëm.

U sech eng gutt Nouvelle, mee d‘Verlängerung vun der Zäit déi op der Aarbechtsplaz verbruecht gëtt, mécht a Portugal Suergen. De System verhënnert, datt d‘sécurité sociale a rout Zuele rëtscht, mee d‘Liewensqualitéit ass ee Problem. Wie fréi an d‘Pensioun geet an engem Land, an deem d‘Pensioun an der Moyenne bei 520 Euro läit, gëtt bestrooft.