arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Münchener Philharmoneschen Orchester gouf vu Museksfestival ausgelueden

Wéinst israeeleschem Dirigent

|
headphones

1 min

De Münchener Philharmoneschen Orchester gouf vu Museksfestival ausgelueden

De Münchener Philharmoneschen Orchester gouf vum Museksfestival vu Gent an der Belsch, ausgelueden, wéinst sengem israeeleschen Dirigent Lahav Shani.

headphones

1 min

© picture alliance / SZ Photo | Stephan Rumpf
(Foto: picture alliance / SZ Photo | Stephan Rumpf)

Deen hätt sech den Organisateuren no net kloer genuch vis-a-vis zum Gaza Krich positionéiert. De Shani ass momentan och musikaleschen Direkter vum israeelesche philharmoneschen Orchester.

Vu Berlin gëtt dës Decisioun aus der Belsch schaarf kritiséiert, dat wier eng Schan fir Europa, sot den däitsche Kulturminister Wolfram Weimer. Mee och an der Belsch stéisst dës Decisioun op Kritik: de belschen Ausseminister Maxime Prévot sot, et dierft ee keen Amalgame maachen tëscht der jüddescher Communautéit, den Israeli an der Politik vun der Regierung Netanjahu.