Radioen

On air

Notturno  |  Big Thief - Forgotten Eyes

play_arrow Live
search

/ De Mëttwoch goufen et Perquisitioune bei der Piratepartei

Justiz

De Mëttwoch goufen et Perquisitioune bei der Piratepartei

Den Deputéierte Sven Clement sot de Moien op RTL, datt et de Mëttwoch Perquisitioune bei der Piratepartei gouf, souwuel bei him, an der Parteizentral wéi och bei Memberen doheem. Op Nofro hin huet den Europäesche Parquet um Kierchbierg eis de Moie matgedeelt, datt et bei deenen Hausduerchsuchungen ëm d’MALT-Applikatioun goung.

auto_stories

1 min

Well d’Enquête amgaange wier, géife keng weider Informatiounen iwwert d’Perquisitioune public gemaach ginn, sou de Pressebüro vum Europäesche Parquet. Am Oktober hat den Europäesche Parquet sech dem Dossier MALT ugeholl.

Dës Sproochen-App fir Flüchtlinge steet jo am Zentrum vun engem Sträit tëscht der Piratepartei an dem ONA, dem Office national de l'accueil. Datt sech den Europäesche Parquet fir d’Affär interesséiert, ass dorop zréckzeféieren, dass de Projet vun der App mat europäesche Sue finanzéiert gouf.

Aktuell soll gekläert ginn, ob d’Piratepartei déi Suen och wierklech an d’Entwécklung vun der App gestach huet. Enquêtéiert gëtt ënner anerem wéinst dem Verdacht op Wäisswäsche vu Suen a Fälschung.