De Mathias Schiltz huet an där Fonctioun 1998 fir déi kathoulesch Kierch d’Konventioun mat der Regierung ausgehandelt, déi d’Relatiounen tëschent der Kierch an dem Staat gekläert huet, notamment op finanziellem Niveau.
Déi Konventiounen awer, déi säin Nofollger Erny Gillen 2015 mat der blo-rout-grénger Regierung ausgehandelt huet, an déi d’Trennung vu Kierch a Staat erbäigefouert hunn, hätt hie sécher nimools ënnerschriwwen. Dat sot de Mathias Schiltz spéider an engem Interview.
A senger Zäit als Generalvikar, der Zäit tëschent 1987 an 2012, war de Mathias Schiltz och 25 Joer laang President vum Verwaltungsrot vum Grupp Saint-Paul. Déi kathoulesch Kierch hat do nach e groussen Afloss op de Pressegrupp, zu deem jo och d’Lëtzebuerger Wort gehéiert huet.
Karriär an der kathoulescher Kierch
De Mathias Schiltz war gebierteg aus der Stad. Hien ass 1958 zum Priister geweit ginn. An de 60er Joren huet hie véier Joer, zu Paräis, kanounescht Recht a Liturgie studéiert.
Enn de 60er huet hie fir d'Lëtzebuerger Kierch d’Decisiounen aus dem zweete vatikanesche Konzil ëmgesat. Dëse Konzil hat de But eng pastoral an ökumenesch Erneierung an der Kierch ze maachen. Ënner anerem sollten d’Masse méi volleksno, an an der jeeweileger Landessprooch gehale ginn. Och d’Laie sollte méi mat agebonne ginn.
2011 war de Mathias Schiltz beim Carlo Link am 100,7-Interview.