Den Emmanuel Macron ass bekannt fir seng grouss Rieden, déi dacks net u Pathos spueren. Och gëschter zu Dresden huet de President net mat grousse Wierder gegäizt an e Saz widderholl, dee schonn virun e puer Wochen den Eescht vun der Lag verdäitleche sollt: Europa ka stierwen.
"L'Europe vit un moment décisif. Et je le disais à la Sorbonne il y a quelques semaines. Notre Europe peut mourir, si elle prend les mauvaises décisions."
Fir datt Europa déi sëlleg Erausfuerderunge meeschtere kann, fuerdert de Macron néi Investitiounen am grousse Stil. Däitschland ass hei awer méi zeréckhalend. Och sot de Macron mat Bléck op d’Ukrain, Europa dierft sech bei der Verdeedegung net eleng op d’USA verloossen, mee misst hei méi europäesch agéieren an eng eege Rüstungsindustrie opbauen.
Sech fir e liberaalt an humanistescht Europa asetzen
Zwou Woche virun der Europawal huet hie sech besuergt gewisen, well ëmmer mei autoritär Tendenzen an Europa ze erkenne wieren a vum rietse Bord propagéiert ginn. Et dierft een awer net vergiessen, wat een dem liberalen an humanisteschen Europa alles ze verdanken huet, sou de Macron. Hoffnung setzt hie virun allem an déi Jonk, déi Europa an Zukunft gestalte sollen.
"Sie sind dessen fähig, denn Sie sind die neue Generation, die das Europa von morgen errichten wird. Ich zähle auf Sie."
Fir de Macron ass et haut de leschten Dag vu senger Staatsvisitte, den Owend trëfft hien am Schlass Meseberg op de Kanzler Olaf Scholz fir den däitsch-franséische Ministerrot.