Et wier alles extrem séier gaangen: Dat sot de Sportchef vu Waldhof Mannheim um Dënschdegmëtteg, wéi de Luc Holtz op enger Pressekonferenz als neie Coach vum däitsche Fussball-Drëttligist presentéiert gouf. Gëschter um Méindeg hat den Traditiounsveräi säin éisträicheschen Trainer Dominik Glawogger entlooss, no nëmmen zwee Matcher an der neier Saison um drëtthéchsten däitschen Niveau. Parallel dozou hat de Luc Holtz säi Kontrakt bei der FLF opléise gelooss.
Direkt zwee Matcher binnen 3 Deeg
De Luc Holtz huet um Dënschdegmëtteg vun engem interessante Veräi geschwat, deen hien iwwerhuele géif.
"Sofort, bei den ersten Gesprächen, da war mir klar: Das willst du machen! Der Verein gehört, glaube ich, schnellstmöglich eine Etage höher."
Et hätt een Ambitiounen, esou den Ex-FLF-Trainer, dee sech op seng nei Aufgab freet.
Vill Zäit fir ze iwwerleeën huet de Luc Holtz net: Mat muer enger Partie am Baden-Pokal an iwwermuer engem Testmatch géint d’Saudie vun Al-Hilal mam Trainer Simone Inzaghi.
All Dag um Terrain stoen
De Mëtteg huet de Lëtzebuerger säin éischten Training gehalen. Et bräicht een Zäit, woubäi hie wéisst, datt och Resultater misste kommen. Den Dag vu gëschter, wou hien no 15 Joer FLF d’Dier hanner sech zougemaach huet, wier schwiereg gewiescht.
"Wenn du dann mit den Menschen redest und du weisst, es kann gut sein, dass du nicht mehr zurückkommst, dann ist das natürlich schon ein spezieller Moment. 15 Jahre gehen nicht spurlos an einem vorbei."
Elo awer géif en neit Kapitel ufänken. De Reiz um neien Job, esou de Luc Holtz, wier deen, all Dag um Terrain ze stoen an eppes entwéckelen ze kënnen. Mat senger Ekipp wéilt hien dominant spillen a gewannen. Am Carl-Benz-Stadion hätt hien iwwregens 1998 mat der Nationalekipp 0:7 géint Däitschland verluer.
Den SV Waldhof Mannheim 07 huet vun 1983 bis 1990 an der Bundesliga gespillt, ënner dem Kulttrainer Klaus Schlappner.
Mario Mutsch gëllt als potentiellen Nofollger
Heiheem gëtt iwwerdeems no engem Successeur vum Nationaltrainer gesicht: De Co-Trainer vu bis elo, de Mario Mutsch, dierft de Favorit op dee Poste sinn. Den Nofollger huet egal wéi och net vill Zäit, fir sech anzeschaffen, well de 4. September - also an 23 Deeg - schonn den éischte WM-Qualifikatiounsmatch, heiheem, géint Nordirland um Programm steet.