Hien huet d‘Museksliewen zu Lëtzebuerg 50 Joer laang dokumentéiert a kommentéiert, dat fräiberufflech, well eigentlech war hie Chef de bureau op der Arbed. Eng éischt Kritik hat hien 1959 fir d‘Wort geschriwwen, vill koumen der No. De Loll Weber war och fir den 100,7 aktiv, notamment huet hien d‘Emissioun Classico fir den Radio classique Bergem produzéiert, déi an den 2000 Jore bei eis am Nomëttesprogramm gelaf ass.
arrow_back_ios
Noriichten
Schrëftsteller a Museker
|De Loll Weber ass dout
De Schrëftsteller a Musekskritiker ass elo am Alter vun 90 Joer gestuerwen.