Gewielt goufen och den Exekutivbüro an deem elo 24 Organisatioune Member sinn. De Jugendrot gouf och méi grouss: Fënnef nei Organisatiounen si bäigetrueden.
Wat d‘Prioritéite fir déi nächst zwee Joer ugeet heescht et, de Jugendrot wéilt d‘Relatioune mat den ëffentlechen Instanzen hei am Land konsolidéieren. Et wier wichteg, datt d‘Meenunge vu jonke Leit an d‘Politik integréiert gëtt.
Um internationale Plang wëll de Jugendrot een zousätzleche Programm lancéiere fir d‘Presenz vu Jonke bei den internationalen Instanzen ze fërderen.