Weider Prioritéite wieren déi, ee regionale Krich ze vermeiden, an um Fong vum Nooskonflikt ze schaffen, fir Fridden ze preparéieren, huet den hollänneschen Diplomat a fréieren Deputéierte vun der riets-liberaler Vollekspartei VVD ënnerstrach.
Beim Krich an der Gazasträif huet de Sven Koopmans vun enger “ganz graver Situatioun” geschwat. An dësem Krich géifen et bal 39.000 Doudeger ginn: d’Majoritéit dovun Zivilisten. All staarken a kreativen Acteur wier gefrot an dofir wier hien och frou, datt déi Lëtzebuerger Regierung eng aktiv Roll am Konflikt géifen anhuelen, esou den Envoyé spécial vun der Europäescher Unioun fir den Noost-Friddensprozess, no senger Entrevue mam Ausseminister Xavier Bettel haut hei an der Stad.
Xavier Bettel: Israelesch Attacke fuerderen ze vill zivil Mënscheliewen
De Lëtzebuerger Diplomatiechef hat de Weekend Kontakt mam israeeleschen Ausseminister. Wann Israel cibléiert ee wichtegen Acteur vun der Hamas wéilt ëmbréngen, da géif hien dat verstoen, esou haut de Xavier Bettel.
„Wann ee cibléiert schwätzt, dann ass et schwéier z’erkläre wann dann esou vill Honnerte vu Leit musse mat stierwen“, sou de Message vum Xavier Bettel un d’Adress vun Israel, no der israeelescher Loftattack ee Samschdeg an der Gazasträif op de Militärchef vun der islamistescher Hamas: dobäi sollen op d’mannst 90 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn.
Gespréicher mam jordaneschen Ausseminister fir iwwer méiglech Léisungen ze schwätzen
Hie wier a Gespréicher fir erëm an den Nosten ze reesen, huet den Ausseminister haut och ugekënnegt. Entweder kuerzfristeg oder no der Vakanz, sou de Lëtzebuerger Chef-Diplomat.
No der Visitt haut Méindeg vum EU-Spezialbeobtrachten hei an der Stad, empfänkt de Xavier Bettel muer Dënschdeg de jordaneschen Ausseminister, fir iwwer méiglech Léisungen ze diskutéieren.