Radioen

On air

Resonanzen  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
search

/ D'Eckpunkte vum Koalitiounsaccord

Koalitiounsaccord

D'Eckpunkte vum Koalitiounsaccord

De Koalitiounsaccord tëscht der CSV an der DP ass ënnerschriwwe ginn, an de Formateur Luc Frieden (CSV) huet d’Eckpunkte vun deem Text virgestallt, deen d’Regierungspolitik déi nächst fënnef Joer wäert definéieren. Vill Detailer feelen awer nach.

auto_stories

3 min

Foto: Serge Kesseler

Doraus geet notamment ervir, datt déi nei Regierung am Logement den amortissement accéléré, deen ënnert der blo-rout-grénger Regierung limitéiert gouf, erëm wäert aféieren. Och de Bëllegen Akt an d’Ofsetzbarkeet vu Scholdzënse solle weider erhéicht ginn. 

Steiertabell soll séier berengegt ginn

Un der Steiertabell soll ganz séier geschafft ginn: vum 1. Januar 2024 soll déi em 1,5  Indextranche berengegt ginn, zousätzlech zu den Tranchen déi schonn an der Suite vun der leschter Tripartie decidéiert goufen, esou datt d’Laascht fir d’Steierzueler vum neie Joer un erof soll goen. Wéi een déi Mesurë wéilt finanzéieren, gouf net gesot. De Luc Frieden huet och annoncéiert, datt béid Parteien sech eens waren, keng Ierfschaftssteier an direkter Linn anzeféieren, dat wier ausdrécklech festgehale ginn, sou den zukünfteg Premier. 

D’Steiere vun de Betriber solle mëttelfristeg op den Niveau vun der OECD erofgesat ginn.

All sozial Hëllefen zentraliséieren

Am soziale Beräich soll ee Guichet social agefouert ginn, wou all d’Hëllefen zentraliséiert ginn. De Luc Frieden huet widderholl, de Kampf géint d’Aarmut géif ganz uewen op der Agenda stoen: schaffe soll sech awer lounen, de soziale Mindestloun soll deemno iwwert deem leie wat ee kritt wann ee Sozialleeschtunge bezitt.

Logement

Prozeduren am Bausecteur solle vereinfacht ginn. A verschidde Fäll soll de Prinzip “silence vaut accord” agesat ginn. Soumat geet den Demandeur dovun aus, dass nom Versträiche vun enger Frist automatesch e positiven Avis besteet. Doriwwer eraus, soll, do wou et néideg ass, de Bauperimeter erweidert kënne ginn, sou eng weider Annonce de Moien.

Congé Parental em dräi Méint verlängeren

A punkto Liewensqualitéit solle Beruff a Famill besser matenee kombinéiert ginn. De Congé parental soll iwwer dräi Méint erweidert ginn, ouni zousätzlech Belaaschtung vum Staat. De Luc Frieden schwätzt vun enger Flexibiliséierung vum Congé parental. D’Affiliatioun vun de Babyjoren soll vun zwee op dräi Joer verlängert ginn.

D’Adoptioun duerch eng Persoun soll erméiglecht ginn. Eng Leihmutterschaft soll zu Lëtzebuerg net méiglech ginn, mee d’Unerkennung vu Kanner, déi am Ausland iwwert d’Leihmutterschaft entstane sinn, soll hei an e legale Kader gesat ginn.

"Police bannent der Police"

A punkto Police a Sécherheetspolitik soll de Platzverweis “iwwerschafft a méi breet gemaach ginn”, sou de Luc Frieden weider. Et plangt een och, eng Gemengepolice anzeféieren, esou wéi et an deene leschte Méint vun CSV an DP thematiséiert ginn ass. Et soll sech dobäi ëm “eng Police bannent der Police grand-ducale” handelen. Verschidden Uerdere soll déi Police kënne vum Buergermeeschter kréien. 

Déi genee Modalitéite sinn an dësem, wéi och an deenen aneren Dossieren net bekannt. D'Regierung huet bis elo drop verzicht, den Text vum Regierungsprogramm ëffentlech ze maachen. Dat soll fréistens de Méindeg geschéien, zwee Deeg virun der Regierungsdeklaratioun vum Luc Frieden (CSV) an der Chamber. D'Gremie vun DP an CSV hu gëschter Owend gréng Luucht fir de Regierungsprogramm ginn, ouni de ganzen Text gesinn ze hunn.