Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sven Clement bedauert d'Recktrëtter bei de Piraten

Rezente Parteiaustrëtt

Sven Clement bedauert d'Recktrëtter bei de Piraten

Iwwer de Weekend hunn de Steven Curfs an de Vincenzo Turcarelli hire Récktrëtt annoncéiert. Et wier een net méi averstane mat der Aart a Weis, wéi d’Piratepartei geleet gëtt, esou d’Erklärung vun den zwee Gemengeconseiller’en.

auto_stories

2 min

De Piraten-Deputéierte Sven Clement bedauert dës Situatioun. 

“Ech mengen ze wëssen, datt et net eenzel Problemer waren, net eng eenzeg Saach, mee eng Sammlung u Saachen. An ech muss soen, datt ech et bedaueren, well och wann ech net ëmmer enger Meenung mat engem Steven Curfs inhaltlecher Natur war, sou huet säin Input awer ëmmer d’Parteidiskussiounen belieft an och beräichert. Genau sou och bei engem Vincenzo Turcarelli, deen, wann en un Diskussioune bedeelegt war, gudden Input geliwwert huet. Deementspriechend ass et schued, datt si hei de Wee gi fir d’Partei ze verloossen, an nach méi schued fannen ech et natierlech datt si decidéieren, hir Mandater matzehuelen."

De Starsky Flor, Spriecher vun der Partei, kann de Récktrëtt op eis Nofro hin net ganz novollzéien. Seng Dier wier ëmmer oppe fir Gespréicher gewiescht. An Zukunft sollen sech an der Piratepartei eng Rei Saachen änneren, ënnert anerem d’Affär ronderëm d’App MALT misst opgeschafft ginn. 

“Dat heescht, datt mir mat de Bezierker a mat de Sektioune schwätzen, wéi et an Zukunft soll weider goen. Mir organiséieren da Workshops, kucke fir eng besser Kommunikatioun ze hunn, fir d’Informatioune besser riwwerzekréien, eng aner Organisatioun, nei Prozeduren, nei Opdeelungen, Responsabilitéiten op nach méi Schëllere verdeelen, eventuell een Team mat Coordinateuren. Wéi gesot, dat sinn alles Decisiounen, déi kann ech net eleng huelen, déi huele mir zesummen als Team a mat de Memberen.”

Déi zwee Gemengeconseilleren, déi hire Récktrëtt annoncéiert hunn, ware bis elo net fir eng Reaktioun z’erreechen.