Et wier Zäit fir ee Generatiounswiessel, sou dem Michel Wolter seng Begrënnung fir seng Demissioun, sou den CSV-Politiker um Méindegmoien am Gemengerot no der Presentatioun vu sengem leschte Gemengebudget.
"Well mir awer elo an enger Generatioun U60 sinn. Mir hunn als CSV hu mir virun de leschte Walen eng Lëscht opgestallt, déi resolut drop ausgeriicht war, fir jonke Leit eng Chance ze ginn, fir Politik an eiser Gemeng kënnen ze maachen.”
"Gutt fir d'Gemeng"
D’Nadine Braconnier ass dem Michel Wolter seng Fra, schafft als Gemengesekretärin zu Monnerech an ass bis ewell d’Presidentin vun der Finanzkommissioun an der Gemeng Käerjeng. Bei de Walen 2023 ass si véiertgewielte ginn, den drëttgewielten Richard Sturm huet entretemps demissionéiert gehat, woumat dann d’Nadine Braconnier, dem Michel Wolter senger Argumentatioun no, déi Nächstgewielte wier.
"Deen nächst Gewielten ass dann zoufällegerweis effektiv meng Fra, mee ech fannen, datt dat eiser Gemeng och wäert ganz gutt doen eng jonk Fra ënner 40 als Buergermeeschter ze kréien.”
Generatiounswiessel gouf virbereet
De Frank Pirrotte hätt als zweetgewielten op de Posten als Buergermeeschter verzicht, a wäert bis Oktober 2027 de Lead vun der CSV an der Gemeng Käerjeng iwwerhuelen, sou nach de Michel Wolter.
Dëse Generatiounswiessel hätt ee scho virun de leschte Walen ugefaangen ze preparéieren:
"Dat ass e ganz iwwerluechten Iwwergang, deen de Frank Pirrotte an ech 2020 ugefaangen hunn, eis wierklech Gedanken ze maachen, wéi mer dat kéinten organiséieren."
Weiderhin Deputéierten an der Chamber
Ganz aus der Politik wäert sech de Michel Wolter awer net zeréckzéien. Hie wéilt weiderhin als Deputéierten an der Chamber bleiwen, huet hien op Nofro hin nach confirméiert.
Zanter 2010 ass de Michel Wolter Käerjenger Buergermeeschter. Do virdru war hie vun 1995 wärend zwou Legislaturperioden Inneminister a vun 1995 bis 1999 och nach Minister fir d’fonction publique an d’reforme administrative.