Allerdéngs wier net alles um geplangten Text schlecht, sou den ALJP-President Misch Pautsch.
"Et sinn eng ganz Partie Saachen an deem Projet dran, déi eis gutt gefalen. Ironescherweis sinn dat net déi, déi mat der Transparenz zesummenhänken. Wat nach ëmmer feelt, dat ass effektiv en handfeste Recours, fir wann effektiv Dokumenter net eraus gi ginn. An Delaie sinn och nach ëmmer net dran."
Et wier een awer net blann vis-à-vis vun der Realitéit, sou de Misch Pautsch. Esou géif een zum Beispill net domat rechnen, datt een d‘Ministèrë kéint dozou verflichte fir Journaliste a 24 Stonnen ze äntwerten.
"Dat ass kloer, dat versti mir, mir sinn net weltfriem. Mee d'Tatsaach, datt näischt méi Prezises drasteet, wéi en “délai raisonnable”, dat hält d’Strooss net. Dat huet keng legal Valeur an ass Lastik."
Den Inneministère refuséiert Dokumenter erauszeginn
D’Investigativjournalistin Charlotte Wirth wiert sech virum Verwaltungsgeriicht géint de Refus vum Inneministère, Dokumenter erauszeginn, déi Opschloss ginn a wéiwäit Lëtzebuerg d’Aarbecht vu Frontex ënnerstëtzt. Wéinst hirem Ëmgang mat Flüchtlingen, huet déi europäesch Grenzschutz-Agence jo scho méi wéi eemol negativ Schlagzeile gemaach. An enger Recherche fir reporter.lu huet d’Charlotte Wirth dee begrënnte Verdacht geäussert, datt e Lëtzebuerger Helikopter op d’mannst dräi Mol un Aktioune bedeelegt war, déi net konform zu de Mënscherechter waren. Den Inneministère huet dat de Mëttwoch an engem Communiqué dementéiert. Dat kéinte Journalisten awer net iwwerpréiwen.
"Wat ech weess a wat mer konnten iwwerpréiwen, ass, datt den Helikopter wierklech an deem Gebitt, ëm dat et geet, also virun der tunesescher Küst (…) patrouilléiert ass am Juli 2022, wou déi Virfäll eebe waren. Dat heescht, de Verdacht, datt et eng Implikatioun gouf, dee läit no, mee honnertprozenteg beleeë kann een net. An a senger Äntwert huet de Ministère gesot, den Helikopter wier net am tunesesche Küstegebitt - an nach eng Kéier e Wuertspill: am tunesesche Küstegebitt am Asaz. Dat schléisst awer dat anert net aus. A fir elo méi genee ze sinn, misst een natierlech déi entspriechend Dokumenter hunn."
De Ministère berifft sech am Schreiwes vum Mëttwoch op de sensibele Charakter vun deenen Dokumenter. Déi staatlech Commission d’accès aux documents hat dogéint kee Grond gesinn, firwat een déi Dokumenter net erausgi sollt.
ALJP: Institutioune musse sech u CAD-Avis halen
De Journalisteverband ALJP ënnerstëtzt d’Charlotte Wirth an hirer juristescher Demarche, an hofft drop, datt d’Urteel fir e Prezedenzsfall suergt, wéi den ALJP-President Misch Pautsch erkläert.
"D'Iddi ass natierlech hei virun allem dofir ze suergen, datt mir domat net implizitt aneren Organisatiounen, aneren Institutiounen, an anere Ministèrë soen 'hei et ass ok, wann Dir einfach keng Loscht oder Dokumenter rauszeginn'. Et ass hir Flicht, dat ze maachen, dat gouf decidéiert, dat gouf vun enger onofhängeger Kommissioun decidéiert, vun der CAD, dat kann een net einfach ignoréieren‘."
Déi CAD (Commission d’accès aux documents) hat an engem Avis nämlech kee Grond gesinn, firwat een déi gefroten Dokumenter net erausgi sollt.