Radioen

On air

E-Lodie  |  Alex Marsh - Dust Keeper

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Guy Schons feiert säi Liewenswierk mat Concerten a Museksvirträg

Musek

De Guy Schons feiert säi Liewenswierk mat Concerten a Museksvirträg

De Museksensembel Dullemajik feiert seng 50 Joer. Aus deem Grond ginn elo an de kommende Wochen a Méint verschidde Concerte vum Ensembel gespillt, mat Fokus op Vollekslidder aus de leschte Joerhonnerten.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow

De lëtzebuergesche Museker Guy Schons leet de Grupp schonn zënter 1975, a wäert nieft de Concerten och eng Rei u Virträg halen, wou hien zu verschiddenen Themae Vollekslidder sangen an och de Sënn a Kontext ronderëm d’Entstoe vun deene Lidder wäert erklären.

Wärend 50 Joer u Material gesammelt

Fir d’Concerten zur Feier vu sengem Liewenswierk huet de Guy Schons eng Rei vu Museker zesummebruecht, fir mat him op der Bün ze spillen. Dobäi sinn de Marion Michels, de Maurizio Spiridigliozzi, d’Nadine de Lorenzi-Bissen an d’Jacqueline Servais.

Lëschteges spillt d’Instrument, no deem den Ensembel benannt ass: D’Dullemajik, op Däitsch Drehleier genannt, ass een alt Säiteninstrument. Op de Concerte gi Vollekslidder aus verschiddene Joerhonnerte gespillt, déi de Guy Schons am Laf vun de leschte 50 Joer gesammelt huet. Den éischte vun deene Concerte gëtt am Cube521 zu Manech gespillt.

Lëtzebuergesch Geschicht mat Musek a Kontext setzen

Dëst Joer wäert de Guy Schons awer och eng Rei u Virträg halen, bei deenen hie verschidde Lidder aus verschiddene Länner a Joerhonnerte spillt a virstellt. De Museker wëll bei dëse Virträg méi onbekannt Lidder presentéieren. Eent vun de Lidder kënnt beispillsweis aus Frankräich zu Zäite vun der Renaissance.

Am Lidd gëtt d’Geschicht vun engem jonke Meedchen, dat géint säi Wëllen an d’Klouschter geschéckt gëtt, erzielt.

An engem anere Virtrag mam Titel “Ech kéint dech friessen”, deen an der Nationalbibliothéik wäert stattfannen, geet et ëm Kannibalismus. A weidere Virträg wäert de Guy Schons dann och d’Léift, d’Juddeverfollgung am 2. Weltkrich an de Rassismus zu Lëtzebuerg thematiséieren. Alles ëmmer mat Hëllef vu Lidder, déi zäitgeméiss entstane sinn.

Lauschterenplay_arrow