Gëschter um Dënschdeg hat de Parquet jo matgedeelt, datt eng Instruktioun opgemaach gouf wéinst dem presuméierte frauduléise Verkaf vun engem Gemengenterrain un eng Immobiliëgesellschaft.
Den Déifferdenger LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch hat dem radio 100,7 doropshi confirméiert, datt hie wéinst dem Verdacht vu Korruptioun an Trafic d’influence inculpéiert gouf. Et gouf Perquisitioune bei him doheem, a sengem Büro op der Gemeng, bei engem Notär a beim Promoteur Fabrizio Bei.
Afloss op e Chantier?
Wärend der Gemengerotssëtzung huet de Gary Diderich vun déi Lénk sech zu Wuert gemellt. Seng Fro, ob et eng Perquisitioun op der Gemeng gouf, hat de Buergermeeschter Guy Altmeisch uganks der Sëtzung scho mat "Jo" beäntwert. Um Enn wollt de Gary Diderich nach wëssen, ob déi lafend Enquête eng Inzidenz op de Schantje vum viséierten Immobiliëprojet bei der Schwemm hätt. Wouropshin de Buergermeeschter geäntwert huet, dee Schantje géif wuel net beaflosst ginn duerch eng Enquête, déi zum Zil hätt, den Dossier ze clarifiéieren.
Da wollt de Gemengeconseiller vun déi Lénk gewuer ginn, firwat den Akt a Saache Maxim’s bei engem Notär aus der Stad gemaach gouf. Engersäits géif de Keefer dat jo normalerweis festleeën, an anerersäits wier nach ni do en Akt gemaach ginn, huet de Gary Diderich argumentéiert, deen den Notär domat viséiert huet.
"Et ass och eng Notär, déi schonn e puermol condamnéiert ginn ass wéinst Affären, wou si sech net un hir Deontologie gehalen huet. Jiddefalls, wann ech Keefer wier oder Mandataire fir e Keefer wier, géif ech perséinlech do aner Choixen huelen."
De Choix vum Notär
Viru 14 Joer, wéi d’Gemeng engem Promoteur den ale Maxim’s, eng Proprietéit vun der Gemeng, verkaf hat, hätt ee schonn Akte gemaach a wier ee bei engem aneren Notär gewiescht, esou de Gary Diderich. Dono war d’Firma vun deem Promoteur jo vum Fabrizio Bei opkaf ginn, deen dunn en neie Projet presentéiert hat. Dee goung am November zejoert duerch de Gemengerot.
Zum Choix vum Notär sot de Guy Altmeisch:
"Dat ass schonn eng schwéier Ausso, déi Dir do maacht, a Relatioun mat deem Notär, deen do selektionéiert ginn ass. Dat ass een Notär, dee mir gemeinsam mam Vendeur ausgemaach hunn, deen eis och proposéiert ginn ass vun him, well hien den Akt kennt, den Acte d’achat vun der Firma, an och den Akt, dee virdru virloung."
Weider Sujeten am Gemengerot
Zu gudder Lescht wollt de Gary Diderich wëssen, ob d’Gemeng eppes mat der Firma BA Promotions ze dinn hätt, an där de Guy Altmeisch an de Fabrizio Bei Associée waren. BA hätt keng Relatioun mat der Gemeng, huet de Buergermeeschter betount, deen nach sot, seng Parten un där Firma u säi Fils ofgetrueden ze hunn, fir net beaflossbar ze sinn.
Iwwer deen Haaptsujet eraus huet de Gemengerot de Moien nach en Devis fir eng Kameraiwwerwaachung zu Déifferdeng an déi éischt vun 3 Phase vun Aarbechten un der Schwemm guttgeheescht: Bei béide Projete gouf et eng Neen-Stëmm vum Gary Diderich, a 17 Jo-Stëmmen. Eng Conseillère huet haut krankheetsbedéngt gefeelt.