De Wunnengsbau wier eng Erausfuerderung, huet de Gilles Roth betount. Verschidden Entreprisen aus dem Bausecteur géingen awer nach dës Woch riskéieren, “schlecht Annoncë” mussen ze maachen. D’Regierung wéilt awer alles dru setzen, fir Chômage a Faillitten an dësem Beräich ze evitéieren, sou nach de Gilles Roth.
Virum Optakt vun de Budgetsdebatten hunn de Finanzminister an de Wirtschaftsminister Lex Delles um Krautmaart iwwerdeems och de Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm an den nationale Reformprogramm presentéiert, déi d’Regierung der EU-Kommissioun schéckt.