30 Joer nom Vëlkermord ass d’Land mat den 1.000 Hiwwelen an der Haaptstad Kigali beléift bei Investisseuren aus dem Ausland. Propper Stroossen, wéineg Kriminalitéit, bal keng Korruptioun. Wat d’Pressefräiheet oder d’politesch Oppositioun ugeet, gesäit et anescht aus.
Onkloer firwat dee Fliger ofgestierzt ass
Richteg bluddeg gouf et a Ruanda viru ronn dräi Joerzéngten. Nach haut ass onkloer, firwat de Fliger, an deem de President Juvenal Habyarimana haut op den Dag genee virun 30 Joer souz, ofgeschoss gouf. Egal wéi gouf et dono op “Radio Mille Collines” den Opruff, Tutsien ëmzebréngen, d’Minoritéit am Land, awer och manner radikal Hutuen.
D‘Hutu-Milize wiere mam Radio an där enger a mat engem Buschmesser an där anerer Hand lassgaangen, fir Tutsien dout ze maachen.
D'Versoe vun der internationaler Communautéit
Dobäi hat de kanadesche Kommandant vun der UNO-Friddensmissioun am Land schonn 3 Méint virdru virun engem Genozid am Land gewarnt, ëmsoss. Op d’mannst 800.000 Leit hunn dat mam Doud, mat Vergewaltegung a Verdreiwung bezuelt.
Nach haut gëllt de Vëlkermord a Ruanda dowéinst och als Versoe vun der internationaler Communautéit.
Datt de Genozid op en Enn koum, huet och mat deem Mann ze dinn, deen haut un der Spëtzt vum Land steet: de Paul Kagame, Leader vun der ruandescher patriotescher Front. Zesumme mat sengen Truppe koum hien aus dem Exil an Uganda zréck a seng Heemecht an huet de Kampf mat de Regierungstruppen an den Hutu-Milizen opgeholl.
Autoritäre Regime mat héijen Ambitiounen
Haut regéiert de 66 Joer ale Kagame d’Land awer autoritär. Am Juli wëll hie sech fir déi véierte Kéier als President erëmwiele loossen.
Ruanda gëtt net nëmme wéinst sengen Hiwwele gär d’afrikanesch Schwäiz genannt. 2035 wëllt Ruanda e Land mat mëttlerem an 2050 souguer mat héijem Akommes sinn. Et sinn ambitiéis Ziler fir e Land, dat aus dem Schiet vum Vëlkermord eraus wëll, ouni en awer ze vergiessen.