arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut trieden déi US-amerikanesch Douanestaxen a Kraaft

Wirtschaft

|
reading time

1 min

Haut trieden déi US-amerikanesch Douanestaxen a Kraaft

Op den Import vu chineesesche Chippe kéinte geschwënn 100 Prozent Taxen ageféiert ginn. Dat sot den Donald Trump elo op enger Pressekonferenz mam Tim Cook, dem Chef vun Apple.

reading time

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP)

Den Donald Trump fiert weider mat senger Douanespolitik. Aktuell ginn déi meescht Chippen an Asie produzéiert. Eng Méiglechkeet fir derlaanscht ze komme wier, datt Entreprisë méi an den USA investéieren. Den Tim Cook huet dann och annoncéiert, datt Apple weider 100 Milliarden Dollar an den USA investéiere wäert. Den Trump fuerdert, datt d'iPhonë ganz an den USA gebaut ginn. Apple argumentéiert, dofir géif et an den USA u Fachkräfte feelen, en plus wieren d'Käschten ze héich. En iPhone, dee ganz an den USA produzéiert gëtt, kéint 3.500 Dollar kaschten.