arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Fonds du logement wëll an deenen nächsten 20 Joer 5.000 nei Wunnenge schafen

Logement

|
reading time

1 min

De Fonds du logement wëll an deenen nächsten 20 Joer 5.000 nei Wunnenge schafen

Zejoert goufen 106 Logementer op de Marché bruecht. Dat sinn der liicht manner wéi nach dat Joer virdrun. 185 Projete wieren amgaange realiséiert ze ginn an 235 VEFA-Unitéiten hätt de Fonds du logement 2024 kaaft. Déi Zuele ginn aus dem neiste Joresrapport vum Fonds du logement ervir.

reading time

1 min

© Max Bauerfeind/Bigstock
(Foto: Max Bauerfeind/Bigstock)

Zejoert wier ënnert anerem vun energeetesche Renovatioune gepräägt gewiescht. Am Kader vum 45. Anniversaire betount de Fonds du logement weider, déi national Erausfuerderung um bezuelbare Wunnraum mat Ambitioun ugoen ze wëllen.