arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Fernand Etgen zitt sech aus der Politik zeréck

Chamber Vizepresident

|
headphones

1 min

De Fernand Etgen zitt sech aus der Politik zeréck

Den DP-Deputéierte Fernand Etgen zitt sech aus der Politik zeréck. Dat huet hien den Dënchdegmoien op RTL ugekënnegt.

headphones

1 min

 Den DP-Politiker Fernand Etgen zitt sech Enn des Joers aus der Politik zréck, dat huet den 68 Joer alen Deputéierten de moien op RTL matgedeelt. De fréiere Buergermeeschter vu Feelen war Landwirtschaftsminister an der éischter Regierung Bettel, vun 2018 bis 2023 war hie Chamberpresident an elo Vizepresident vun der Chamber.

D‘Decisioun fir den Depart wier ouni Drock gefall, sot eis de Fernand Etgen. Mat 22 Joer hat hie säin éischt politescht Mandat, deemools op Gemengenniveau. Iergendwann géif een awer spieren, datt et duergeet.

"Ech mengen altersméisseg sinn ech elo méi no bei 70 wéi bei 50, wou ech an der Nationalpolitik ugefaangen hunn, dann op eemol spiert een et geet duer."

Seng Successioun wier scho kloer gereegelt. Déi géif un de Marc Hansen goen, well hie bei de leschte Walen Drëttgewielte gouf.

De Marc Hansen huet eis op Nofro hin dann och confirméiert, datt hie bereet wier de fräie Posten an der Chamber ze iwwerhuelen.