arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Chris Rodesch huet sech fir den Haapttableau vu Wimbledon qualifizéiert

Tennis

|
reading time

1 min

De Chris Rodesch huet sech fir den Haapttableau vu Wimbledon qualifizéiert

De Chris Rodesch huet sech um Donneschdegnomëtteg scho bal sensationell fir den Haapttableau vum Tennis-Grand-Slam-Tournoi vu Wimbledon qualifizéiert. Am drëtten a leschten Tour vun der Qualifikatioun huet d’Lëtzebuerger Nummer 1 a 4 Sätz (6:3, 6:4, 0:6 a 7:6) géint den Ungar Marton Fucsovics gewonnen.

reading time

1 min

© FLT
(Foto: FLT)

Dem Chris Rodesch säi Géigner war scho mol d’Nummer 31 op der Welt an an der Qualifikatioun un Nummer 1 gesat, wougéint de Chris Rodesch de Moment d’Nummer 163 op der Welt ass.

Muer um Freideg gëtt de Lëtzebuerger da säi Géigner am 1. Tour vum Haapttableau gewuer.