arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Charel Bourg ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen

Bommeleeër-Affär

|
reading time

1 min

De Charel Bourg ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen

De fréiere Police-Generaldirekter Charel Bourg ass d’lescht Woch schonn am Alter vun 79 Joer gestuerwen: Dat ass haut um Mëttwoch an den Doudesannoncë vum Lëtzebuerger Wort ze liesen.

reading time

1 min

Symbolfoto | © Bigstock
Symbolfoto (Foto: Bigstock )

De Charel Bourg war ee vun am Ganzen 8 Ugekloten am zweete Bommeleeër-Prozess, dee Mëtt November elo um Stater Geriicht ufänkt. Zesumme mat 4 anere fréieren héije Responsaablen aus der Gendarmerie, engem Ex-Member vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, an zwee fréieren Enquêteuren, sollt de Charel Bourg wéinst Falschaussoen am éischte Bommeleeër-Prozess, deen 2013 an 2014 war, de Prozess gemaach kréien.