arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Carlos Zeyen ass dout

“Monsieur Antiblanchiment”

|
reading time

1 min

De Carlos Zeyen ass dout

De fréieren “Monsieur Antiblanchiment” – wéi e genannt gouf, ass am Alter vun 70 Joer gestuerwen, dat liest een haut an den Doudesannoncen am Wort. 

reading time

1 min

De Carlos Zeyen war den 2000er Jore Substitut vum Procureur, a Resposanbel vun der Cellule anti-blanchment vum Parquet Lëtzebuerg, ënner anerem war hie responsabel fir d’Affär Clearstream.

2007 gouf hie Lëtzebuerger Vertrieder bei Eurojust der europäescher Agence fir d’Zesummenaarbecht vun den nationale Justizautoritéiten. 2013 war hien dunn an de Viséier vun der däitscher Bildzeitung geroden.

Si hat hie beschëllegt an den 90er, als Affekot Sue vun der fréierer ostdäitscher Partei, SED viru bundesdäitschen Autoritéite verstoppt ze hunn. Rieds ass vun ëmgerechent 2,6 Milliounen Euro. Déi Affär ass awer am Sand verlaf. De Carlos Zeien hat an der Suite dovun gesondheetlech Problemer, an huet 2013 vu sengem Posten demissioneiert, fir an d’Pensioun ze goen.