Eng privat Initiative wëll mat enger spektakulärer Rettungsaktioun de Buckelwal an d‘Nordsee an eventuell souguer bis an den Atlantik transportéieren. Dofir soll e mat Loftkëssen opgehuewe ginn an dann op enger Baatsch transportéiert ginn. Ee vun den Initiateure vun der Aktioun ass iwwregens de Grënner vu MediaMarkt, Walter Bunz.
De kranken a geschwächte Wal läit zënter dem 31. Mäerz virun der Ostseeinsel Poel. Bis elo haten Experten erkläert, datt et dat Bescht wier, fir d‘Déier a Rou stierwen ze loossen.