arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Bilan vun der Stad Lëtzebuerg nom staarke Reen

Stad Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

De Bilan vun der Stad Lëtzebuerg nom staarke Reen

De staarke Reen d’lescht Woch hat an der Stad e manner staarken Impakt, wéi d’Wiederen am Joer 2021, esou d’Buergermeeschterin Lydie Polfer.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg
Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

2021 war d’Uelzecht op iwwer 4 Meter geklommen. Ee grousse Problem wier awer nach ëmmer de Val de Hamm, wou et och dës Kéier nees vill Schued duerch dat villt Waasser gouf, esou haut d’Buergermeeschterin Lydie Polfer.

“Dat ass een natierlechen Opfangbecken, dee Val de Hamm. Mir mussen dofir och eng Léisung mat deene Leit fannen, déi do sinn. Dat hate mir hinne schonn e puermol proposéiert. Bis elo hu mir do keen Accord fonnt. Ech mengen, dës Kéier fanne mir een. Well och mat all anere Moyenen, aneren Opfangbecken uewendriwwer, dat wier mat deene Massen, déi hei komm sinn, net duer gaang, fir awer do ze verhënneren, datt do dee Schued géif entstoen.”

Am Total hat de CGDIS an der Stad Lëtzebuerg wärend dem Staarkreen d’lescht Woch 89 Asätz: 79 dovu wéinst dem Waasser an 10 wéinst Beem, déi ëmgefall waren.

Leit, deenen hir Saachen an der Garage wéinst Iwwerschwemmungen esou beschiedegt goufen, datt se se musse wechgeheien, kënne sech bei der Stad Lëtzebuerg mellen, fir datt d’Saache kënnen ofgeholl ginn, esou d’Lydie Polfer.

play_arrow Lauschteren