Et ginn elo méi wéi 1.700 confirméiert Doudesaffer.
Déi Zuel klëmmt warscheinlech nach, well nach ëmmer Zéngdausende Leit vermësst ginn.
D‘Rettungsekippe siche weider no Iwwerliewenden ënner de Stécker vu Gebaier, déi an de Koup gefall sinn.
Kritik un den Autoritéiten a Venezuela
Verschidde Medien, dorënner d’BBC, mellen, datt Betraffener ëmmer méi d‘Autoritéite kritiséieren, well d‘Rettungsasätz ze lues wieren.
Problemer bei de Sichaktioune ginn et, wéinst bis elo iwwer 600 Nobiewen.