arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bëscher ënner Drock: Just nach 20 Prozent vun de Beem si wierklech gesond

Klimawandel

|
headphones

2 min

Bëscher ënner Drock: Just nach 20 Prozent vun de Beem si wierklech gesond

"De Klimawandel erkennt een zu Lëtzebuerg am beschten um Bësch". Dat sot den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes bei der Presentatioun vum drëtten Inventaire vun de Lëtzebuerger Bëscher.

headphones

2 min

D'Fläch déi zu Lëtzebuerg vu Bëscher bedeckt ass, ass zënter dem éischten Inventaire am Joer 2000 zwar stabel bliwwen - bei 35 Prozent. Trotzdeem stéing de Bësch zu Lëtzebuerg ënner Drock, esou de Serge Wilmes. Just nach eng 20 Prozent dovu wier gesond an de Bësch géif och net méi sou séier wuessen, esou dem CSV-Ëmweltminister säi Constat. 

Den neisten Inventaire weist och, datt 75 Prozent vun de Bëscher Lafbeem, a 25 Prozent Nolebeem sinn, erkläert de Serge Wilmes.

"Dat ass eng positiv Entwécklung, well e Bësch, dee staark a gesond ass an och resilient soll gemaach ginn, géint d'Konsequenze vum Klimawandel, ass grad een, deen eng Villfalt vun Essenzen huet. An dozou gehéiere virun allem och d'Lafbeem, (...). Dat sinn da richteg Mëschbëscher, natierlech och nach weider Nolenholz. Dat ass net elo datt Nolenholz keng Zukunft méi soll hunn, mee net méi als eng Monokultur, déi benotzt ginn ass, fir séier Holz ze gewannen an déi awer fir d'Diversitéit net onbedéngt, an och net onbedéngt iwwerall standuertgerecht war" 

Eng grouss Diversitéit u Bëscher ze schafen ass dann och eng Mesure, déi d'Administration de la nature et des forêts (ANF) schonn ergraff huet, fir d'Bëscher méi resilient ze maachen.

Serge Wilmes: Gros vun de Leit am Ministère empfannen d'Aarbechtsklima positiv oder neutral

Ugeschwat op d’Aarbechtsklima am Ëmweltministère, huet de Serge Wilmes betount, datt intern Sondage géife weisen, datt eng grouss Majoritéit d’Aarbechtsklima als positiv oder neutral empfënnt. Et géif een och Ateliere maachen, fir d’Personal a fir de Management, mam Zil d’Resultater vun de Sondagen ze verdéiwen. D’Tageblatt hat gëschter geschriwwen, datt eng Partie  Mataarbechter aus dem Ëmweltministère onzefridden do wieren.