De Poopst François kënnt de 26. September fir eng offiziell Visitt op Lëtzebuerg. Seng Visitt zu Lëtzebuerg, an an der Belsch, gouf gëschter confirméiert. De Poopst gouf vum Grand-Duc op Lëtzebuerg invitéiert, dat huet den Haff gëschter an engem Communiqué mat gedeelt.
De Programm vun der Visitt géif der Ëffentlechkeet esou séier wéi méiglech matgedeelt ginn.
No der Visitt zu Lëtzebuerg ass de Poopst fir 3 Deeg an der Belsch, wou hien op Bréissel. Louvain a Louvain-la-Neuve geet.
De 87 Joer ale Poopst François huet zënter engem Joer keng aner Länner méi visitéiert. Säi Gesondheetszoustand huet sech iwwer déi lescht Méint däitlech verschlechtert. Ëmmer nees huet de Poopst dowéinst Engagementer missten ofsoen.