Radioen

On air

Notturno  |  Tops - Petals

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Datum fir d‘Offensiv op Rafah steet fest / Hamas analyséiert Propos fir Wafferou

Noen Osten

Datum fir d‘Offensiv op Rafah steet fest / Hamas analyséiert Propos fir Wafferou

Israel huet en Datum fixéiert fir seng Offensiv op d‘Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif, dat huet den israeelesche Premier annoncéiert. Deen Datum huet hien awer net genannt. D‘Hamas wier amgaangen, eng nei Propos fir eng Wafferou ze ënnersichen

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch

Fir eng Victoire géint d‘Hamas misst Israel Stad Rafah ënner Kontroll bréngen an déi terroristesch Hamas-Zellen do eliminéieren, esou den israeelesche Premier.

Sämtlech Länner, dorënner d‘USA, hunn Israel ausdrécklech opgeruff, keng Offensiv op Rafah ze lancéieren. Do hale sech 1,5 Millioune Palästinenser op. Méi wéi eng Millioun vun hinne sinn aus aneren Deeler vun der Gazasträif op Rafah geflücht fir sech a Sécherheet ze bréngen.

Hamas ënnersicht Propos vum amerikanesche Geheimdéngscht

Déi radikal islamistesch Hamas amgaangen, eng nei Propos fir eng Wafferou an d‘Liberatioun vun de Geiselen ze ënnersichen. Dem amerikanesche Wall Street Journal no hätten d‘USA en neie Kompromëss virgeschloen.

D‘Propos kéim vum amerikanesche Geheimdéngscht CIA a géif eng Waffepaus vu sechs Woche virgesinn, wärend där d‘Hamas 40 Geiselen an Israel 900 palästinensesch Prisonéier solle fräiloossen.