Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dat naasst Wieder huet ee gréisseren Impakt op d’Landwirtschaft

Probleemer mam Hee a mat Pilzer

Dat naasst Wieder huet ee gréisseren Impakt op d’Landwirtschaft

Nieft de Pilzer déi entstoe kënnen, ginn et Schwieregkeete fir d’Hee dréchen eranzefueren. Problemer gouf et souwuel beim Wanterweess, ewéi och bei de Summerkulturen. Zum Deel wier plazeweis d’Saatgut an de ganz naasse Biedem ënnergaangen an huet missten nei geséint ginn.

auto_stories

1 min

Feld naass | © Bigstock
Foto: Bigstock

Och d’Erosioun vum Buedem ass mëttlerweil eng Realitéit ginn, erkläert den President vun der Bauerenallianz de Marco Koeune op Nofro hin. Et hätt ee mam Klimawiessel mat zwou Extreemsituatiounen ze dinn, d’Dréchent an déi héich Fiichtegkeet.

Wichteg wier et dowéinst nees ee Waasserdësch anzeruffe fir an deem Beräich no Léisungen ze sichen, fir eventuell dat massiivt Waasser am Wanter ze stockéieren, fir et am Summer, wann et dréchen ass, anzesetzen.