Den Daniel Frères denkt iwwert en Austrëtt aus der Piratepartei no, wann de Sträit tëscht dem Sven Clement an dem Marc Goergen net geléist gëtt. Déi Ausso op RTL, huet de Réimecher Gemengeconseiller vun de Piraten eis och confirméiert. Allerdéngs géif den Daniel Frères dovun ausgoen, datt et net sou wäit géif kommen.
E Méindeg war en Treffe vun der Parteileedung, wou doriwwer geschwat gouf, an hie wier iwwerzeegt, datt all Differenzen nach virum Parteikongress am Hierscht aus dem Wee geraumt wieren, sou den Daniel Frères op eis Nofro hin.
Wann net, wann hien also géif aus der Piratepartei austrieden, géif hien eng eege Partei grënnen, sou nach den Daniel Frères, hien hätt d‘Statutte vun enger Déiereschutz a Mënscheschutzpartei scho prett leien.