Schonn am Oktober solle Beamte vum däitschen Inneministère op Kabul fléien, fir mat Vertrieder vun den Taliban iwwer méiglech Expulsiounen ze verhandelen. Ausweisunge vu Stroftäter a sougenannte "Gefährder" misste reegelméisseg kënne stattfannen, sot de Alexander Dobrindt der BILD am Sonntag gëschter.
Taliban-Regimm weider isoléiert
D'Gespréicher op esou engem héijen Niveau si remarkabel: Offiziell ënnerhält Däitschland keng diplomatesch Relatioune mat den islamisteschen Taliban, déi 2021 nees d'Muecht an Afghanistan iwwerholl haten. Domat ass Däitschland net eleng: "well d’Taliban géint Mënscherechter, a besonnesch géint d'Rechter vu Fraen, verstoussen, ass den islamistesche Regimm international isoléiert.
An de leschte Jore gouf an Däitschland ëmmer nees doriwwer diskutéiert, ob Stroftäter dierften zeréck an Afghanistan geschéckt ginn - och wéinst der Sécherheetslag.
Linnen- amplaz Charterflich
Zënter leschtem Joer ass zwee Mol e Charterfliger aus Däitschland mat verurteelten Afghanen op Kabul geflunn. Dat kascht déi däitsch Regierung vill Suen. Wann et nom Inneminister Alexander Dobrindt geet, sollen dës Expulsiounen an Zukunft iwwer Linneflich geschéien.
Déi Leit, déi Däitschland zulescht an Afghanistan expulséiert hat, ware wéinst Morddelikter, Sexualstrofdoten oder Drogenhandel verurteelt ginn.