Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verkéierskontrolle wéinst EM: Däitschland wëllt Impakt op de Verkéier miniméieren

No Gespréicher

Verkéierskontrolle wéinst EM: Däitschland wëllt Impakt op de Verkéier miniméieren

D‘Grenzkontrolle vun Däitschland ware gëschter nach emol de Sujet an engem Gespréich tëschent dem Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden a senger däitscher Homologin Nancy Faeser.

auto_stories

1 min

Police Däitschland | © picture alliance/dpa | Focke Strangmann
Foto: picture alliance/dpa | Focke Strangmann

Et wéilt een den Impakt op de Verkéier miniméieren, heescht et an engem Communiqué vum Lëtzebuerger Inneministère. Ausserdeem gouf et eng Reunioun tëschent der däitscher a lëtzebuergescher Police. Hei gouf ee sech eens, datt op de Grenzbrécke keng Kontrollposte solle sinn an am Chantiersberäich op der A64 wéilt een zwou Spueren aféieren. Dat passéiert awer, well de Chantier méi séier ofgeschloss ass wéi geplangt - et huet also näischt direkt mat de Grenzkontrollen ze doen. A bis elo waren d‘Kontrolle souwisou ëmmer direkt hanner an net op der Bréck.