Schwéier Krimineller sollen an Zukunft rëm an Afghanistan an a Syrien zeréckgeschéckt ginn. Dat sot den SPD-Politiker de Moien a senger Regierungserklärung am Bundestag. Wéi hien dat genee wéilt erméiglechen, huet hien awer net gesot.
Et wéilt een och net méi toleréieren, wann terroristesch Attacke verherrlecht a gefeiert géife ginn. Dofir wéilt Däitschland elo d‘Ausweisungsreegelen sou verschäerfen, datt Täter direkt kënnen expulséiert ginn.
Den Inneministère wier schonn am gaangen, un der praktescher Ëmsetzung ze schaffen a wier och schonn am Gespréich mat den Nopeschlänner vum Afghanistan.