Israel kéint sech op hir Solidaritéit verloossen an dorop, datt et och weider Waffeliwwerunge géif ginn, sot den Olaf Scholz am Bundestag am Virfeld vum EU-Sommet.
Gläichzäiteg huet den däitsche Kanzler erkläert, datt och weider humanitär Hëllefen néideg wieren, an datt et eng Perspektiv fir eng Zwee-Staate-Léisung bräicht.
Weider huet den Olaf Scholz den Iran dovu gewarnt, Israel weider ze attackéieren.